
Joana & Jacques
24.08.24
Quinta Santo António do Freixo
Barreira, Portugal
D'Platz
Mir feieren an der Quinta Santo António do Freixo. Dat sinn 30 Minutte vu Praia do Pedrogão weg.
Wou soll ech schlofen?
Mir organiséieren eng Navette déi tëschent Praia do Pedrogão an der Quinta pendelt, fir datts du de Wäi genéisse kanns.
Dowéinst recommandéiere mir jidderengem zu Praia do Pedrogão ze schlofen (en plus wäerte sécher déi eng oder aner Pre- an After-Partien zu Pedrogão organiséiert ginn, also nach ee Grond méi fir do ze schlofen).
Hotel/Appartementer zu Praia do Pedrogão
Et gëtt just een Hotel zu Praia do Pedrogão. Deen recommandéiere mir wann s du just 1 oder 2 Nuechten do bleifs. D'Platzen sinn awer limitéiert.
Mir wäerten warscheinlech de ganzen Hotel buche fir besser Präisser ze kréien.
Wann s du méi laang bleiwe wëlls, louns du am Beschten en Appartement. Hei ginn et lauter Optiounen – online oder iwwert dem Joana seng Famill.
So eis w.e.g. Bescheed wat s du plangs, fir datt mir eis organiséiere kennen a s du net op der Plage schlofe muss😂
Wéi kommen ech dohin?
Dee séiersten Wee ass mam Fliger vum Findel op Lissabon. Vun do aus ass et 1h30 Stonn mam Auto bis op Praia do Pedrogão.
Du kanns entweder:
– en Auto lounen
– en Taxi huelen (±150€)
– e Bus huelen (Lisbon Sete Rios bis op Marinha Grande; ±10€ pro Persoun; vu Marinha Grande sinn et nach ±20 Minutte mam Auto; klick hei fir d'Ticketen online ze kafen)
– en Auto lounen
– en Taxi huelen (±150€)
– e Bus huelen (Lisbon Sete Rios bis op Marinha Grande; ±10€ pro Persoun; vu Marinha Grande sinn et nach ±20 Minutte mam Auto; klick hei fir d'Ticketen online ze kafen)
Déi méi couragéiert Leit kennen och ee klenge Road Trip laanscht Bordeaux a San Sebastian plangen. Vu Lëtzebuerg aus sinn et mam Auto ±2000km an em déi 19 Stonnen.
Dress Code
Come as you are. Wonnerschéin.
Et wäert waarm ginn (net nëmme wéinst dem Joana senger Presenz mee och wéinst der Temperatur).
Wann s du zu Praia do Pedragão iwwernuechts, dann denk drun datt do oft vill Wand ass an et Owes frësch ka ginn.
So Bescheed
Waart w.e.g net op eng physesch Invitatioun – mir hun eis geduecht déi Sue wiere besser a gudde Wäin investéiert😇
So eis bis den 1. Februar Bescheed ob s du mat eis feiere kenns (mat oder ouni +1).
Är Kanner sinn natierlech och wëllkomm!